Majerus Geimer Constructions

Anpassung an die Begebenheiten und Entwicklungen der letzten 10 Jahre

Aus der technischer an administrativer Weiderentwecklung vun eiser Firma ergëtt sech, dat ab 2020 aus « Majerus Parmentier Constructions » sech d’Entreprise « Majerus Geimer Constructions » erausentwéckelt.

Domadder droe mer der organisatiounstechnischer Realitéit vun eiser Firma Rechnung, déi zanter 2015 - nieft deem bis dunn eenzegen Associé Jean-Luc Majerus - och eise laangjäregen Mataarbechter Manuel Geimer als Associé hutt.

Esou droe mer der Evolutioun vun eisen Mataarbechter, an och der administrativer Realitéit Rechnung, fir eis weider als Handwierksbetrib fit fir d’Zukunft ze maachen.

Haut, 10 Jaar no hirer Grënnung, zielt eis Entreprise iwwert 120 Leit, an dat an den Domainer Héichbau, Holzbau an Dach, Haustechnik, Sanitär, Buedzëmmer, Plättercher, an der Planung vu schlësselfäerdegen Eefamiljenhaiser, Méifamiljenhaiser a Gebaier. 

Vun der ursprénglecher renger Baufirma vun Gros-oeuvre hu mir eis an deenen letzten 10 Jaar op Basis vun Investitiounen an eis Leit, eist Material an an eis Infrastruktur zur Entreprise am nohaltegen Bauen entwéckelt, souwuel am Massivbau, virun allem mat Poroton, wéi seit kuerzem och am Holzbau, a bidden haut eise Client’en ee fäerdegen Service aus enger Hand.

Majerus Geimer Constructions